(C) www.lsn.sarl
15.06.2026

Kettmann mat dräi Succèsen zu Réiser

Sprangen

Baum, Fraiture, Gradiski, Martinez, Schartz a Woll mat jeeweils zwou Victoiren

Net nëmmen huet d’Diane Kettmann déi schwéierst a lescht Kompetitioun vum “Jumping Réiser” um zweete Weekend gewonnen, mä virun hirer Victoire e Sonndeg hat déi aktuell Landesmeeschterin am Sprangen schonn um Freideg di éischte Platz an hirem Deel vun enger MKlass fir sech entscheed, andeems si mam Armiteus virum Victoria Kiefer (Campana) an dem Nicolas Longefay (Jackson du Golfe) geland ass. Gläich am nächste Sprangen huet d’Koppel Kettmann-Armiteus sech erëm duerchgesat: si hunn d’M*-Zäitsprangen iwwer 1,30 Meter gewonnen, dat virum Lucie Kieffer (Frankie’s Boy) an dem Shoorendran Nageswaran (Nocciolina).

E Sonndeg huet d’Kettmann fir e weideren Héichpunkt gesuergt: um First Vleut, mat deem si 2025 op der selwechter Plaz Lëtzebuerger Championne gouf, huet si am Sprangen iwwer 1,40m an 43,20 Sekonnen gewonnen. Den Thomas Michael Schwinn koum op déi zweet Plaz, andeems hien um Keep on Mind mat 45,36 Sekonnen gestoppt gouf, wärend de Franco Martinez an de Cousy du Gibet mat véier Fehlerpunkten Drëtt goufen. D’Diane Kettmann war net déi eenzeg Reiderin, déi sech a verschiddene Klassen e puer Victoiren geséchert huet; aner Sprangreiderinnen, wéi d’Yola Schartz an d’Conny Fraiture, hunn donieft duebel Victoiren an eenzele Prüfunge gefeiert.

Hei geet et bei d’komplett Resultater

Top 3-Resultater vum 2. Weekend

Freideg, 12. Juni
  • Prüfung fir Sprangpäerd Klass A** 100 cm: 1.Anuschka Spenrath (Anuschka), 2.Maéva Barruel (Emeraude), 3.Anuschka Spenrath (Cuku Cuku)

  • Prüfung fir Sprangpäerd Klass L 110 cm: 1.Grace Baum (Vol de Nuit du Gibet), 2.Giulina Müller (Spotify), 3.Franco Martinez (Coccinella du Gibet)

  • Youngster Sprangprüfung Klass M* 120 cm: 1.Franco Martinez (Shalimar du Gibet), 2.Michael Wittschier (Alexa), 3.Franco Martinez (Kalagann Bruce)

  • Sprangprüfung Klass L 110 cm – Abt. 1: 1.Conny Fraiture (Live), 2.Grace Baum (Ibiza), 3.Paul Hendel (Treasure) – Abt. 2: 1.Varvara Gradiski (In Love d’Atomic) 2.Conny Fraiture (A Comander Bond), 3.Maria Kucerenko (Chippi Jo)

  • Sprangprüfung Klass M* 120 cm – Abt. 1: 1.Yola Schartz (Ampourias de la Doua), 2.Yola Schartz (Teepee D’Alêne), 3.Julie Thull (Kansai du Gibet) – Abt. 2: 1.Diane Kettmann (Armiteus), 2.Victoria Kiefer (Campana), 3.Nicolas Longefay (Jackson du Golfe)

  • Zäitsprangen Klass M** 130 cm: 1.Diane Kettmann (Armiteus), 2.Lucie Kieffer (Frankie’s Boy), 3.Shoorendran Nageswaran (Nocciolina)

Samschdeg, 13. Juni
  • Stilsprangen Klass A* 90 cm: 1.Bianca Westlund (Carrie-Lou), 2.Mich Koedinger (Abby), 3.Jil Schroeder (Cellevue)

  • Punktesprange mat Joker Klass A** 100 cm – Abt. 1: 1.Karolin Philipp (Ulapalu), 2.Jodie Kaylor (Tinka Bell), 3.Jil Schroeder (Cellevue) – Abt. 2: 1.Varvara Gradiski (In Love d’Atomic), 2.Katja Bakx (Noblesse), 3.Lara Cartelli (Loulita)

  • Sprangprüfung Klass L 115 cm– Abt. 1: 1.Conny Fraiture (Live), 2.Conny Fraiture (A Comander Bond), 3.Lucie Kieffer (Alice Pleasance) – Abt. 2: 1.Stefan Berling (Fabiola), 2.Yola Schartz (Serenade des Fusains), 3.Muriel Pletschette (Babarien Marienshof)

  • Zäitsprangen Klass M* 125 cm– Abt. 1: 1.Andreas Woll (Valentero), 2.Shoorendran Nageswaran (Nalu), 3.Heinz Roevenich (Vancour) – Abt. 2: 1.Victoria Kiefer (Campana), 2.Björn Rohrbach (San Quintin), 3.Zoé Cortez (Kinoa d’Hortincourt)

  • Zwou-Phase-Sprangen Klass S* 140 cm: 1.Andreas Woll (Celeste Y Blanca), 2.Franco Martinez (Galaxie de Bornat), 3.Shoorendran Nageswaran (Verena)

Sonndeg, 14. Juni
  • Stilsprangen Klass A** 100 cm: 1.Grace Baum (Ibiza), 2.Jil Schroeder (Cellevue), 3.Elise Verstraeten (Maestro Grandia)

  • Sprangprüfung Klass M* 120 cm – Abt. 1: 1.Yola Schartz (Ampourias de la Doua), 2.Yola Schartz (Teepee d’Alêne), 3.Michael Wittschier (Alexa) – Abt. 2: 1.Julie Thull (Kansai du Gibet), 2.Armin Scherrmann (Karla Kolumna), 3.Björn Rohrbach (Deep Spirit)

  • Sprangprüfung Klass M** 130 cm: 1.Franco Martinez (Barolo di Cava), 2.Corinna Rupp (Coleona), 3.Marcel Ewen (Hula Palu)

  • Sprangprüfung Klass S* mat Stiechen 140 cm: 1.Diane Kettmann (First Vleut), 2.Thomas Michael Schwinn (Keep on Mind), 3.Franco Martinez (Cousy du Gibet)

Flse Compet

Sprangen

Dressur &
Para Dressur

Fueren &
Para Fueren

Geschwënn

25.07.2026
- 26.07.2026
Dressurturniéier Meeschhaff
Meeschhaff
03.09.2026
- 06.09.2026
Sprangturnéier Bouferterhaff
Bouferterhaff
11.09.2026
- 13.09.2026
Dressurturnéier Bouferterhaff
Bouferterhaff

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu