International Resultater mat Participatiounen aus Lëtzebuerg

Top-Placéierungen am Sprangen an an der Dressur Fënnef Reider aus Lëtzebuerg hunn Enn Oktober an Ugangs November un Turnéier am Ausland deelgeholl a respektabel Resultater erreecht. No senge gudde Leeschtungen zu Kairo war de Victor Bettendorf iwwer Allerhellegen an der marokkanescher Haaptstad Rabat op Besuch. Do huet eng weider Etapp vun der Global Champions Tour […]
Victor, de neie Pharao vu Kairo?

De Victor Bettendorf gewënnt zwee Sprangen zu Kairo. Natierlech ass eisen Titel net ganz korrekt. Mat Temperaturen ëm déi 30 Grad Celsius dierften awer op mannst Summergefiller an de leschten Deeg an der ägyptescher Haaptstad opkomm sinn. Vum 22. bis de 24. Oktober war Kairo den éischten Deel vun der “Global Champions Tour” am Sprangen. […]
Bettendorf-Bridder ëmmer nach zu Saint Tropez

Leschte Weekend huet de Basile Bettendorf (Foto) en 1,40m-Sprangen zu Saint Tropez-Gassin um Poivre Bleu du Gibet gewonnen. Hie gouf och Véierten an der 1,35m-Klass mam Veyron, Aachten iwwer 1,40m mam Chatauro’s Light, a Siwenten am 1,45m-Grand Prix op CSI 2*-Niveau, dat och mam leschtgenannte Päerd. Um selwechte Weekend huet de Victor Bettendorf, deen e […]
„Beeforter“ ganz uewen un Podium

Coupe de Luxembourg am Sprangen zu Beefort Link bei d’komplett Resultater De Marcel Ewen (Foto), lizenzéiert beim Club Hippique Beefort (CHB), huet de Weekend d’Coupe de Luxembourg am Sprange gewonnen! Den Ewen war bis kuerz virum Umeldetermin nach net op der Startlëscht, um Enn stoung hien awer uewen um Podium. Um aachtjärege Minnech Uzi, deen […]
Sprangen: Coupe de Luxembourg zu Beefort

Eelef Kompetitioune beim Tournoi an der Touristen-Uertschaft D‘Reitanlag an der Route d’Eppeldorf zu Beefort organiséiert traditionell d’Coupe de Luxembourg am Sprangen an och an der Dressur. Wärend d’Dressur um Weekend vum 24. an 25. Oktober stattfënnt, gehéieren dëse Samschdeg a Sonndeg dem Sprangen. Am Ganzen ginn eelef Prüfungen beim Tournoi ugebueden, woubäi all Dag eng […]
Dressur: Rouyr beandrockt zu Troisdorf

Téo Rouyr zweemol um Podium – international Resultater Mat der 17-järeger Amélie Decruyenaere-Haupert an dem nëmme 15-järege Téo Rouyr hunn zwee jonk lëtzebuergesch Dressursportler de Weekend un engem Turnéier zu Troisdorf, tëscht Köln a Bonn, deelgeholl. Den als zweeten ernimmten konnt op sech opmierksam maachen: an der Ekippe-Wäertung fir Ponyen op CDIP-Niveau hunn de Rouyr […]
Resultater vum Meeschhaff

Sprang- a WBO-Turnéier um Zu Iermsdref An dräi verschiddene Klassen um Sprang-Tournoi zu Iermsdref e Samschdeg ass d’Lena Kervyn de Lettenhove am Ganze véiermol op de Podium komm. Um Quicky huet hatt d’A**-Prüfung iwwert ee Meter gewonnen, genau wéi d’Punktesprangen iwwert 1,05 Meter mam Cashmere. An der selwechter Klass gouf hat um Calmiro och Drëtt. […]
Sprangen a WBO um Meeschhaff

Reitturnéier um Samschdeg a Sonndeg zu Iermsdref Samschdeg, 10.Oktober – Virmëttes Nomëttes Sonndeg, 11.Oktober – Virmëttes Nomëttes
Näerzeng: Iwwersiicht vun de Resultater

Wien huet et a wéi enger Prüfung op de Podium gepackt? Komplett Resultater iwwer dëse Link Samschdeg, 3.Oktober Sonndeg, 4.Oktober (*) FLSE Cup-Wäertung
Sprangen an Dressur zu Näerzeng

Reitturnéier am Süde vu Lëtzebuerg Samschdeg, 3.Oktober Sonndeg, 4.Oktober (*) FLSE Cup-Wäertung