Päerdewuel: nei FEI-Regele goufen diskutéiert

© Winston Chen / Unsplash

Sportforum zu Lausanne: vill Ännerungsvirschléi am veterinäre Beräich Enn Mäerz goufen am Kader vum fënnefte FEI-Sportforum vill Themen iwwert d’Wuelbefanne vun de Päerd diskutéiert. Op Basis dovunner kënnen nei Reegelen oder Reegelännerungen op der Generalversammlung vum internationale Reitsportverband am November virgeluecht an ofgestëmmt ginn. Am Mëttelpunkt vun de Gespréicher stoung de Päerdswuel an Zesummenhang mat […]

D‘ALAD gëtt d‘ALIS

Den ALIS-Direkter Loïc Hoscheit wärend senger Presentatioun © lsn.sarl

D’Verantwortungë vun der fréierer Anti-Doping-Agence goufe staark erweidert Den 1. Abrëll gouf d‘ALIS, d’Nofolgerorganisatioun vun der fréierer Anti-Dopping-Agence ALAD, an der “Coque” um Kierchbierg presentéiert. D’Ännerung vum Numm reflektéiert déi nei Aufgaben: ALIS steet fir “Agence Luxembourgeoise pour l’Intégrité dans le Sport”. D’Sportministesch Martine Hansen war um Event dobäi. Fir si ass do gewëssermoossen e […]

Wuelbefannen vum Päerd: wéi eng Bedierfnesser sollen erfëllt ginn

(c) Kyriacos Georgiou/Unsplash

D’Päerdshaltung soll op déi individuell Bedierfnesser vun all Päerd ugepasst sinn. Déi ursprénglech Instinkter vu Päerd bestëmmen nach ëmmer de Charakter vun dësen Fluchtdéieren, déi fréier a Steppelandschaftë gelieft hunn an de Reflex haten – a bis haut hunn -, fir sech viru Feinden a Sécherheet ze bréngen. D’Domestizéierung huet dëst Verhalen net geännert. Dofir […]

„Schwéier, di eng Reitsportdisziplin mat där anerer ze vergläichen“

(c) F16 PHOTOGRAPHY PRODUCTIONS

E Portrait-Interview vum Rich Simon, dee sech bei RTL e.a. och ëm de Reitsport këmmert Säit wéini bass de als Sportjournalist aktiv? 1995 hunn ech als Freelance an der Sportredaktioun beim Radio ugefaangen an hunn dat dann op där Basis weidergemaach bis 2007. Dunn gouf ech gefrot fir ganz an d’Sportredaktioun ze wiesselen a vun […]

Altersgerecht Ausbildung vu jonke Päerd

(c) Elisa Pitkanen/Unsplash

D‘FN wëll no enger Konferenz d’Wuelbefannen vun de Päerd weider fërderen Ufanks Februar huet déi Däitsch Reitfederatioun (FN), bei där d’Lëtzebuerger FLSE affiliéiert ass, sech op engem Sommet mam Wuelbefannen vu jonke Päerd während hirer Ausbildung beschäftegt. Laut pferd-aktuell.de hunn sech Spezialisten a Participanten aus verschiddene Reitdisziplinnen intensiv mat der Ausbildung, dem Asaz an dem […]

Päerd am Stroosseverkéier

(c) Mikhail Mokrushin/Unsplash

Hei wëlle mir nach eng Kéier e puer Tipps fir Chauffeuren ernimmen, wéi se sech verhale sollen, wa se Päerd op der Strooss begéinen. Hei wëlle mir nach eng Kéier e puer Tipps fir Chauffeuren ernimmen, wéi se sech verhale sollen, wa se Päerd op der Strooss begéinen. Egal ob een en Auto, Motorrad, Vëlo, […]

FLSE: firwat et zwou Websäiten gëtt

The new FLSE website has a brother: flsecompet.lu

Wat ass den Ënnerscheed tëscht flse.lu an flsecompet.lu? Wéi Dir wësst, sinn déi nei Websäite vun der Lëtzebuerger Reitsportfederatioun zënter Enn Oktober 2025 online. Déi Haaptwebsäit vun der Federatioun ass wéi gewinnt ënnert der Domain flse.lu disponibel an huet e responsiven Design fir Desktop- a mobil Apparater. Informatiounen iwwer vill Reit- a Päerdsaktivitéiten, wéi Zucht, […]

Päerd am Wanter halen

Päerd verdroen de Wanter besser wéi de Summer

Päerd verdroen de Wanter besser wéi de waarme Summer. Si fille sech bei Temperaturen tëscht -15 an +25 Grad Celsius wuel, well hire Stoffwiessel am beschten an dësem Beräich funktionéiert. Am wuelste fille se sech bei Temperaturen ëm 5 Grad Celsius. Päerd kënnen a sollen am Wanter, wa méiglech, Zougang op d‘Weiden an Auslaf hunn. […]

Flse Compet

Sprangen

Dressur &
Para Dressur

Fueren &
Para Fueren

Geschwënn

12.06.2026
- 14.06.2026
Sprangturnéier Réiser
Réiser
20.06.2026
- 21.06.2026
WBO Dideleng
Dideleng
28.06.2026
WBO Mariendallerhaff
Mariendallerhaff

Kontakt

3, Route d’Arlon
L-8009 Strassen

Ëffnungszäiten:
Mé-Do: 08.00 – 15.00
Freides just op Rendez-vous.

T.: +352 48 49 99
E.: info@flse.lu